|
Nodeems d'Etzella leschte Sonndeg eisen Häeren hier impressionnant Serie vun 11 gewonnene Matcher hannertenee stoppe konnt stung haut eng weider schwéier Rees um Programm. De leschte Match an der "Poly" sollte Bartrénger an Diddelénger ënnert sech ausdroen. Villes huet fir d'Sparta geschwaat, hunn eis Jongen an 3 Versich an der Poly nach ëmmer verluer. E verletztene Martin Rajniak sollt dat Ganzt och kaum méi liicht maachen. Mee vun Ufank un huet ee gespuert dass d'Equipe, wou den André Abreu fir den eben zitéierte Rajniak an der "starting 5" stung, 100-prozenteg konzentréiert war an sou direkt e puer Punkte fortzéien (10-16 no 6') konnt. De Larrie Smith konnt e wéineg dergéint halen, mee op Säit un de Gäscht sollt ëmmer erem de Fränk Muller an de Gilles Ruffato Akzenter setzen. No engem "buzzer" vum Fränk Muller geet et an den zweete Véirel (17-24). Hei sollt sech näischt um Verlaf änneren. En Dräier vum Patrick Arbaut an en Dräipunktspill vum sos schwaache Phil Grant sollt d'Sparta nach eng Kéier e bessen erubréngen (26-33). An och wa weiderhinn en omnipresente Patrick Arbaut a Larrie Smith hier Faarwen sollten am Spill behalen, sou konnten och si net verhënneren dass den Ecart lues a lues an d'Lut gaangen ass. Tom Schumacher aus der Distanz, den Nellie ënnert dem Kuerf an och e weiderhi staarke Fränk Muller konnten op 36-46 setzen. E weidere "buzzer" vum Fränk, dës Kéier vum Dräier, bréngt eng 13-Punkte Féierung fir an d'Paus (36-49). Och no der Paus ass déi säitens Sparta erhoffte Reaktioun ausbliwwen. Wéi schonns zu Diddeléng hunn si bessen de Kapp häenke gelooss. Réischt vu den Tom Schumacher an de Fränk Muller mat "foul trouble" vum Terrain gaange sinn konnten déi Lokal de Réckstand verkierzen. Eise Virsprong ass trotzdem ni ënnert 10 Punkte gefall. Arbaut a Smith hunn sech gewiert, mee richteg bäi ass d'Sparta net méi komm. Mat Schumi a Muller rëm um Parquet ass den T71-Express weidergefuer. D'Avance ass op 21 Punkte geklomm (57-78 no 30'). Am leschte Véirel sollt natirlech näischt méi ubrennen. D'Jonge wannen no enger ganz staarker Leeschtung mat 79-99 bei der Sparta. Et war réischt de 7. Erfolleg géint d'Sparta zënter dem Opstieg 2005 (bei 20 Matcher). Allerdings ass et deen zweeten hannerteneen. Ganz staark war de Fränk Muller dee mat 31 Punkten an 12 Rebounds Topmann vum Match war. Keen hat hei besser Werter. Den Tom Schumacher huet och ganz effizient gespillt. Den André Abreu huet oft de Martin Rajniak vergiesse gelooss, an och en Nellie huet op en neits formidabel an der Defense gespillt. Zu 4 geet et awer net: De Rescht vun der Equipe war present an huet dozou baigedroen der Sparta nach eng schéin anzeschenken iert et fir si an den Atert geet. Eis Häere spillen elo nächste Samschdeg um 20h30 géint d'Pikes wou e wichtege Schrëtt a Richtung "Final 4" gemeet ka ginn. Wann dann eis Jonge wanne géifen, an och nach Contern géint d'Sparta verléiere géing häetten eis Hären 3 Punkten avance op Contern (+ den direkte Vergläich). Géint d'Pikes gëlt et iwwregens och eng Revanche ze huelen. An der Qualifikatiounsphase konnt en si sech duerch e "buzzer" vum Laurent Schwartz knapps 76-77 zu Diddeléng behapten. Eis Damme setze hieren Negativtrend leider fort. Zu Esch gëtt et déi 3. Néierlag am drëtte Match vum Playoff. De Match geet mat 94-77 un déi Escher. An der Tabell sinn si elo op déi 5. Plaz zeréck gefall. En halwe Punkt Retard hu mer op de 4. Contern. Och eis Damme spillen en nächste Weekend, um 18h30 géint de bis dato 24 Matcher ongeschloene Leader vun der Musel. Vläit ass jo grad dann eng Iwwerraschubg méiglech.
|





