|
Um zweete Spilldag vum Titelplayoff verléieren souwuel eis Damme wéi och eis Hären. D'Damme verléiere relativ däitlech, 78-60 zu Ettelbréck. Och d'Häre gi mat eidelen Hänn aus den Däichwisen. Hier Serie vun 11 gewonnene Matcher geet also géint déi selwescht Equipe op en Enn géint déi mer als lescht verluer haten, Enn November. No engem gudde Start (7-20) ass d'Etzella bäikomm, a bis d'Paus souguer vir (43-37). Den Ecart ass am 3. a 4. Véirel konstant an d'Lut gaang (78-62), iert eis Jongen nach emo zeréck an de Match kommen. Um Enn steet eng knapp 84-83 Néierlag géint Delgado & Co. Den nächste Match ass rëm auswäerts, dëst zu Bartréng. De Match ass nächste Sonndeg um 16h00 an der Poly zu Bartréng. Sidd zur Zäit do, da gëtt et oh eng gutt Plaz. Eis Damme spille quasi gläichzäiteg zu Esch (15h45). |





