|
No 2 Woche Paus hunn den T71 a Contern rëm missten hier Basketsschung undinn fir an déi méi seriö Phase vum Championnat ze starten. Vill Leit hunn dann och de Wee an de Grimler fonnt wou de Champion an de Coupegewënner sech gemooss hunn. Am reguläre Championnat huet all Kéier d'Auswäertséquipe gewonnen (T71-ABC 61-73 & ABC-T71 63-76). Den aktuelle Champion sollt awer guer a glat näischt ze gutt hunn. Eis Jongen hunn direkt Gas ginn an am éischte Véirel e regelrecht Offensivfestival ofgebrannt. Als Startschoss huet en Dräier vum Gilles Ruffato gedingt (5-2). Bei 8-6 huet et och nach gutt ausgesinn fir den ABC. En 10-0, en Time-Out vu Contern no 4' (deen eenzegen!), nach e 5-0, a schonns stung et 23-6 no gutt 5'. Mee et sollt an deem Rhythmus weidergoën. E weideren 20-10 bedeit eng 43-16 Féierung no engem Véirel. Hei konnt den Tom Schumacher eleng 6 Dräier markéieren well e guer a glat net verteidegt ginn ass. Fir hie war et sécherlech och eng Satisfaktioun, hat hien nach am éischten Heemmatch géint Contern 0/9 vun der Dräierlinn. Am zweete Véirel ass et offensiv weider gutt gerullt, Contern huet awer och besser getraff. Contern ass dat Ganzt e Strapp ze schnell gaang, 2 Mol konnten se Tempovirstéiss nemme mat onsportlëche Fehler stoppen. Den Ecart huet sech bei 25-30 Punkten agependelt, a mat 69-38 ass et an d'Paus gaang. Wann ee bedenkt dass Contern am reguläre Championnat knapps 67 pro Match geschoss krut schwätzen déi 69 eng kloër Sprooch wat d'Defensivverhale vun de Gäscht ugeet. Am drëtte Véirel sollt den Tom nach emol séng Dräier Nummer 9 an 10 schéissen (dobäi kommen och nach 2 “Dunks”). De Rescht vun der Equipe huet natirlech och hiere Match méi wéi gemeet. Abreu (8), Schmit (9), Bemtgen (5), Laures (4) a Steinmetz (2) hunn hier “season highs” egaliséiert. De Rescht vum Match war e Schaulaufen dat sech eis Jonge verdéngt hunn. An och wann et net duergaangen ass den Honnerter virum Enn vum drëtte Véirel ze erreechen, sou sollten déi 123 erzielte Punkten en neie “Rekord” fir des Saison bedeiten. Et ass och ganz laang hir dass 123 Punkten op der “Tafel” stungen, an dann nach géint de Champion. Ausroue sollten sech eis Bouwen awer net. Mat Auswäertsmatcher zu Ettelbréck an op der Sparta geet et weider am Championnat. An och wann d'Etzella vläit 3 Matcher hannertenee verluer huet, sou wëllen se sécherlech Revanche huelen fir d'Néierlag an hierer Fotell (Coque). An dass d'Sparta fir eng ominös Néierlag wëll Revanche huelen dierft wuel och bekannt sinn... D'Damme verléieren iwwregens hieren Optaktsmatch mat 59-68 géint Contern a falen op déi drëtte Plaz zeréck. ...Themewiessel : 6m-Schéissen D'Ronnen- an d'Generalklassement gëtt et elo als Excel-Fichier op gewinnter Plaz erofzelueden. Nach 5 Ronne ginn iwwregens gespillt, iert um Heemmatch géint Stesel d'éi Beschtplazéiert feststinn. |





