Nuit du Basket 2010

Who's online

No users online
Guests: 13

Login

Random Picture

Season 2006/2007

Birthdays

jossii: 25 years in 3 days
Mim: 31 years in 6 days
romali: 21 years in 8 days
boy: 31 years in 9 days
Bibi: 25 years in 10 days
lichen: 22 years in 13 days
Manon: 23 years in 29 days

Total Users

104 registered
0 today
0 this week
0 this month
Last: Dragons
JoomlaWatch
Home

Fir de Kont vum leschte Spilldag vun der Qualifikatiounsphase hunn eis Dammen an Häre Gëscht missen op Contern reesen. Bedingt duerch déi éischter schwiereg Wiederkonditiounen an de Fakt dass déi 6 éischt Plaze schonns bei den Dammen an den Häre vergi sinn hu relativ wéineg Leit de Wee an déi Conterner Hal fonnt.

D'Dammen hunn den Ufank gemeet. A grad dëse Ufank sollt hinnen zum Verhängnis ginn. 13-0 a 17-2 sinn hei d'Tëschestänn déi natirlech schon eng quasi Virentscheedung bedeiten. Nom éischte Véirel stung et schonns 23-7 an et huet alles anescht wéi gutt fir sie ausgesinn. De Wiessel op der Auslännerpositioun duerch d'Wilhelmina Wilson war kee Glécksgrëff, well et net wierklech iwwerzeegt huet. Bis d'Paus sollten eis Meedecher net méi bäi kommen, schnell ass den Ecart am drëtte Véirel op 20 Punkte Virsprong fir d'Lokaléquipe geklomm (52-32). Eréischt am leschte Véirel konnten eis Dammen besse méi no erukommen, an den Ecart deelweis ënnert 10 Punkten drécken. Um Enn verléieren sie awer 65-54 a bleiwen 2. an der Tabell, 1 Punkt virun Esch an der Etzella, 5 hannert de Musel Pikes. Wichteg nach dozou ze soen ass, dass d'Jordan Wilson ab dem nächste Match erëm den Trikot mat der 15 un huet.

2 Stonne méi spéit hunn d'Hären hir Missioun gestart Revanche fir 2 kloër Néierlagen aus den Hallewfinale vum leschte Joër ze huelen. Sie hu gutt an de Match fonnt, konnten sech awer nie richteg ofsetzen. Contern huet net vill getraff, war ongewinnt schwaach vun der Fautelinn. Mee bei eis sollt och nach laang net all Attaque klappen. No 10 Minutte stung et 12-13 fir eis. Och am zweete Véirel sollt sech net vill um Spill änneren. Contern ass emmer engem klenge Retard nogelaf, konnt bei 31-30 eng éischt an eenzeg Kéier a Féierung goen. Mat 36-38 geet et an d'Paus.

Eis Jonge sollten dann och besser an den drëtte Véirel starten. Bei 40-47 war et en éischte klenge Virsprong fir den T71, an no engem Dräier vum Tom Schumacher waren et op eemol 10 Punkten (43-53). Contern huet allerdings dergéint gehal. 4 Dräier (2 vum Gary) bréngen de Champion bis op 2 Punkten erun (55-57). Esou sollt et och an de leschte Véirel goen.

Do sollte mer awer besser aus de Startlächer kommen. Contern huet zevill Bäll verluer, an och wann eis Jongen doraus net optimale Profit sollten zéien setzen sie sech lues a lues ërem of. Um Enn wanne mer 63-76 zu Contern, a verteidegen déi 2. Plaz an der Tabell. Fir Contern ass et déi 3. Heemnéierlag aus de leschte 4 Matcher, dëst nodeems sie iwwert 1 Joër doheem net verluer haten.

Topscorer war de Gilles Ruffato (19). Déi meescht Rebounds huet sech den Nellie gekropt (11). Den Tom hat niewt 4/10 Dräier och nach 5 Assists.

An d'nächst Woch geet et bekanntlech an d'Coque !