|
No hierer Défaite virun der Wanterpaus (zu Esch) wannen eis Dammen hieren éischte Match vum neie Joer, knapps mat 69-70 zu Stesel. De ganze Match iwwer war et spannend. An och wann eis Dammen e méi konfortabele Virsprong (13 Punkten) nach aus der Hand ginn hunn, sou konnten sie sech um Enn dank engem 9-0 Laf bei 63-65 virkommen. Dës knapp Féierung sollten sie da bis zum Schluss sou just verteidegen, nodeems d'Mary Van Dyck"nëmmen" 1 vun 2 méigleche Fräiwërf verwandelt, nodeems de Match schon eriwwer war. Och eis Häre wannen bei der Amicale, an dëst genau sou knapp. Um Enn steet eng 66-67 Victoire um Konto. Eise Jongen hiere Wanterschlof huet awer 20' méi laang gedauert wéi deene Steseler hieren. Dëst wëll an der éischter Halschent net wierklech vill be eis zesumme gelaf ass, a Stesel just dat Néidegt gemeet huet fir sech Minute fir Minute ofzesetzen. War den Ufank nach an der Rei (9-11), sou konnt Stesel mat engem 12-0 de Spiess emdréinen (21-11). Eenzelaktioune, keng Réussite vun no an aus der Distanz, Turnover; sou léisst sech eng ganz schwaach éischt Halschent vun eise Bouwe resuméieren. No 20' stung et 41-24 fir d'Lokalequipe. Och direkt no der Paus konnt een net erkennen dass sech eppes ännere kéint. Bei 46-26 hat Stesel eng maximal Avance vun 20 (!) Punkten. En Dräier vum Tom war e ganz klengen Hoffnungsschimmer fir d'Supporter vum T71. 2 weider Punkte vum Tom, 2 Faute vum Gilles, an nach emol en Dunking no engem Steal vum Tom, a schonns war den Ecart op nemme méi 11 Punkte geschmolt (46-35). E weidere 7-2 vun Diddeléng, an de Match war rem quasi ausgeglach (48-42 no 30'). Stesel huet gewackelt. Mee d'Amicale konnt kuerzerhand réagéieren. Bei 54-46 war Stesel nach emmer e Pak Punkte fir. E fette Block vum Nellie gént den EU-Auslänner vu Stesel, e ganz staarke Martin mat 4 weider Punkten an e béisen Dunk vum Nellie bréngt den T71 komplett zeréck an de Match. Bei 54-54 ass de Match elo ganz ausgeglach. Stesel geet bei 66-62 nach emol 4 Punkten a Féierung, mee Schumacher a Müller suerge fir eng knapp Féierung fir den T71 (66-67, 20'' viru Schluss). Timeout Stesel, de Ball geet op der Mëtt verluer, an den T71 hält de Ball déi lescht 12'' a sénge Reien a verteidegt d'Mini-Avance erfollegräich. Sou sensationnell dese Comeback war, sou schwaach ass et och an der Paus heemzefueren. Pech fir sie, d'Reaktioun vun der Equipe war TOP, an de Public wosst dat ze würdegen ! Nächste Freideg spillen eis Dammen dann um 18h45 géint de Gréngewald, eis Hären dono géint Betebuerg (20h45). Kommt och är Equipe géint dës tabellentechnesch schwaach Géigner ennerstetzen ! |





