Nuit du Basket 2010

Who's online

No users online
Guests: 13

Login

Random Picture

Season 2006/2007

Birthdays

jossii: 25 years in 3 days
Mim: 31 years in 6 days
romali: 21 years in 8 days
boy: 31 years in 9 days
Bibi: 25 years in 10 days
lichen: 22 years in 13 days
Manon: 23 years in 29 days

Total Users

104 registered
0 today
0 this week
0 this month
Last: Dragons
JoomlaWatch
Home

D’Joër 2009 ass geschwënn eriwwer, 13 Matcher si gespillt an d’Drummers erlaben sech eng kleng Analyse vum Härechampionnat. Natirlech konzentréiere mer eis ausschliesslech op Matcher mat Bedeelegung vum T71.

Hei déngt d’Internetsäit www.flbb.lu als Quell. Dës kennt der och ennert Interactive / Downloads / Basketball hei op der Säit eroflueden.

Den T71 als Equipe ass déi offensiv stärkste Formatioun an der Diekrich League. Mat 88,2 Punkte pro Match schéisst ee ronn 5,4 Punkte méi wéi d’Etzella. Schlusslicht ass hei den Tabelleleschten, de Racing Letzebuerg (66,5).

Dëst huet och eng Rei Grënn:

Bei den Zweeër- an Dräierversich (kombinéiert) huet den T71 och d’Nues vir. Mat 52,5% läit ee genau 6 Prozentpunkte virun der Etzella. Um Enn an deser Tabell ass och de Racing, mat 36,8%. Sou ass et och zB kee Wonner dass den T71 dem Racing 2 Mol en Honnerter ageschenkt huet, a béid Matcher mat 33 resp. 32 Punkten Ecart gewonnen huet (vun der ¼-Final an der Coupe mol ganz ofgesinn…).

Bei den Zweeërversich eleng huet den T71 d’Nues nach méi wäit vir. Ronn 60% vun de Schëss treffen hiert Ziel. E gutt Stéck dono kennt réischt Contern an Zolwer mat 51,9%. Och dëst léisst sech erklären.

Mat Fränk Muller, Martin Rajniak an Denell Stephens huet den T71 3 Spiller déi hir Punkte virun allem ennert dem Kuerw erzielen. Beim Denell ass et souguer oft op Rankhéicht. An deem Fall ass d’Chance ze treffen natirlech méi grouss wéi bei Schëss aus der Distanz. Do ass den T71 nämlech déi schwaachste Formatioun aus den Top 6.

An eben des 3 Spiller stin och an den Top 5 vun den Eenzelstatistike (ligawäit) vun den Zweeër- an Dräierversich (kombinéiert). De Martin op der 1 (65%), den Denell op der 3 (60%) an de Fränk op der 5 (57,5%). Och den Tom Schumacher ass an den Top 10 (51,7%). Den T71 ass och deen eenzege Club mat 4 Spiller an desen Top 10.

Bei den Zweeërversich ass et en ähnlecht Bild. De Martin op 1 (67,2%), den Tom op 3 (63,9%), den Denell op 5 (61,6%) an de Fränk op der 7 (61%). Am Verglach: de Racing huet grad mol een (Dean Gindt) an den Top 25, Betebuerg een (Billy McDaniel) an den Top 20.

Sou kennt et och dass des 4 Leit aus eiser Starting 5 och an der Scorerlëscht vun der Diekrich League vir bäi sinn. Mir sinn deen eenzege Club mat 4 Leit déi mindestens 15 Punkten de Match schéissen.

Och an der Effizienz, enger Evaluatioun wou alles Positives (Punkten, Rebounds, Assists, Steals) an Negatives (Fehlschëss, Turnover) verrechent ginn, sinn eis 4 „Scorer“ mat vir bäi. 3 Leit (Martin op der 9, Fränk op der 10 an Denell op der 11) kommen op mindestens 20. Am Verglach: Op der 1. Plaatz ass den Dustin Scott (Etzella) mat 30,9.

Och am Fehler op sech huelen sinn 2 Spiller aus de Reihe vum T71 gutt plazéiert. De Fränk gëtt all Match 5,4 Mol gefoult (Plaatz 2 hannert dem Cory Largent), den Tom 4,4 Mol (Plaatz 6).

Den T71 ass awer déi Equipe aus den Top 6 déi am maansten oft dem Géigner e Ball klaut (6 Steals/Match). Souguer d’Nitia an de Racing hunn der méi. Nemme Walfer (4,7) an Zolwer (3,7) hu manner Steals.

Et géif ee mengen dass beim T71 nemme 4 Leit zum Asaz komm sinn. Alle 4 stinn se an der Moyenne 32 Minutten um Terrain (de Fränk souguer 33). 7 Leit kommen op manner wéi 10 Minutten de Match.

Erwähnenswertes dann nach bei den Equippen- an individuelle Statistiken:

-         de Felix Hoffmann ass deen eenzege Spiller deen nach keen Zweeërversuch um Konto huet.

-         den Thierry Steinmetz an de Gilles Ruffato sinn déi eenzeg déi nach keng Faute derniewt geschoss hunn. Allerdéngs huet den Thierry och nach keng opgeschoss ;) De Gilles ass op 11/11.

-         am längste stung de Fränk Muller um Terrain (428’), am kierzesten den Thierry (23’).

-         den Denell hellt teamintern déi meescht offensiv Rebounds (3,5), defensiv sammelt de Fränk am fläissegste Fehlschëss vun de Géigner (5,9). Insgesamt ass den Denell awer beschte Rebounder mat 9,4 pro Match.

-         déi meescht Assists a Steals ginn et fir den Tom (3,7 resp. 1,8), Turnover awer och (4,1).

-         als eenzege Letzebuerger kënnt de Fränk op mindestens 15 Punkten de Match. 7 Mol war hien och Topscorer, a mat 37 Punkte géint d’Pikes (76-77) hat hien säi „season high“ (och „career high“). Eleng 21 Mol (17 Treffer) ass en do op d’Fauteline geschéckt ginn.

-         de Martin war zwar „nemmen“ 2 Mol Topscorer, dëst awer bei wichtege Matcher. Bei der Etzella koum en op 26 Punkten (eenzeg Défaite fir de souveränen Tabelleleader) a géint Stesel (28 Punkten) hat en der an enger iwwerragenger éischter Halschent schonns 21 op séngem Konto.

-         den Tom Schumacher huet dem Racing insgesamt 63 Punkten ageschenkt. Dem Fränk säi Lieblingsgéigner ass Zolwer (61). Mee d’Pikes komme jo nach…

-         mat Ausnahm vun de Matcher zu Walfer (Martin 6) a Contern (Tom 9) konnten eis 4 „Scorer“ all Match mindestens 10 Punkte schéissen. Géint de Racing a géint d’Sparta hunn dëst 5 Spiller fäerdegbruet. De Gilles war hei dee 5ten.

-         de Felix Hoffmann ass deen eenzege Spiller ausserhalb der Starting-5 deen awer all Match zum Asaz komm ass (de Franck Siebenbour bis zu senger Verletzung och).

-         déi kloerste Victoire gouf et géint d’Sparta (+48).

-         déi beschten offensiv Leeschtung war dëst awer knapps net. Nemme géint de Racing goufe méi Punkte geschoss (105 an 104). Vun der Coupe mol ganz ofgesinn…

-         déi beschten Defensivleeschtung gouf et géint Stesel (49).

-         de beschte Véirel (offensiv) war den éischten zu Zolwer (34 Punkten), dee schwaachsten den éischte géint Contern (11).

-         de beschte Véirel (defensiv) war dee leschte géint Stesel (6 Punkten), dee schwaachste war dee leschten op der Sparta (32).

-         déi beschten Halschent war (offensiv) déi 2. géint d’Sparta (57 Punkten), déi schwaachsten déi zweet géint Contern an d’Etzella (30).

-         déi beschten Defenseleeschtung an enger Halschent gouf et géint Stesel (19 Punkten), déi schwaachsten doheem géint Ettelbreéck (47).

-         déi meeschte Fauten ze schéisse goufen et zu Betebuerg (38), déi mannsten zu Walfer (11).

-         eise statistesch beschte Véirel ass den drëtten. Hei distanzéiere mer an der Moyenne eis Géigner op 6,5 Punkten. Am leschte Véirel sinn et der nemmen 0,5.

-         3 Mol war een an der Paus hannen. Nemmen zu Ettelbréck konnt een de Match nach wannen (op der Sparta a géint Contern nemméi).

-         Selwer krute mer 2 Matcher op des Manéier geklaut. Géint d’Pikes a géint d’Etzella war een an der Paus nach fir (7 resp. 9 Punkten), um Enn stung ee mat eidelen Hänn do. Hei war een no 3 Véirelen iwwregens och nach emmer fir.

-         wann de Fränk Topscorer ass wanne mer nemme 4 vu 7 Matcher (an de leschten 8 Matcher war de Fränk eleng 6 Mol Topscorer).

-         wann den Denell Topscorer ass verléiere mer (1 Mol awer nemme bis elo, op der Sparta)

-         wann den Tom Topscorer ass wanne mer 3 vun 3 Matcher (2 Mol Racing, Walfer)

-         wann de Martin Topscorer ass wanne mer 2 vun 2 Matcher (op der Etzella, géint Stesel)

-         eng Regel gëlt awer emmer: Ass eis Trefferquote ennert 50% verléiere mer de Match. Dëst war zu Bartréng (44%) an doheem géint d’Pikes (46%), Contern (38%) an Ettelbréck (45%) de Fall.

-         déi bescht Zweeërquote gouf et géint d’Sparta (74%). Déi schwaachsten hate mer nach zu Bartréng. Do war et déi bis elo eenzeg Kéier des Saison wou mer ennert 50% bliwwe sinn (45%).

-         zu Zolwer hate mer déi beschte4n Dräierquote (7/15), géint Contern ass nemmen 1 vun 21 Versich gefall. Zu Walfer sinn awer déi meescht gefall (12).

-         An der Moyenne ginn 10,5 Assists de Match verdeelt, géint de Racing sinn et der awer 18 (géint Zolwer 6,5).

-         Et ginn emmer tescht 13 an 22 Fehler géint eis Spiller gepaff.

-         6 Steals de Match, dofir awer 10,5 géint de Racing an nemmen 3,5 géint Zolwer.

-         Pro Match huele mer 33,8 Rebounds (10 offensiver an 23,8 defensiver). 48 waren et der um Racing, 24 nemmen zu Walfer.

-         am geféierlechsten vun der Dräierline ass net den Tom Schumacher, mee de Gilles Ruffato (43%), virum Martin (42%). Den Tom kennt op 33%, huet mat 23 awer déi meeschte getraff, an och déi meeschten opgeschoss (70).

-         de Claude Bemtgen an den Thierry Steinmetz hunn als eenzeg souvill Steals wéi Turnover (3 resp. 1). All déi aner hu méi Turnover wéi Steals.

-         Den Thierry ass als eenzegen nach net op d’Fauteline geschéckt ginn.

-         de Franck Siebenbour huet als eenzegen nach keen Dräier opgeschoss.

-         De Grégory an den André kommen op 2 vun 31 Dräierversich zesummen.

-         Déi meeschten Dunks huet den Denell :) Hei leien awer keng Zuele fir…

-         Den Denell huet als eenzegen mindestens 1 offensive Rebond de Match. Hien hat och 6 Mol en „double-double“.

Natirlech besteet d'Equipe net nemmen aus 4 oder 5 Spiller. Fakt ass eben dass 4 Spiller vill spillen, vill scorenan dofir méi am Mettelpunkt stinn. Déi aner, zum gréissten Deel Espoirs, stungen awer och schonns minutelaang um Terrain an de Géigner konnt net wierklech erukommen. Laures, Bemtgen & Co. hu schonns bewisen wat se drop hunn, virun allem wann aner Spiller kee gudden Dag haten och einfach nemme "foul trouble". SIe wäerten och an Zukunft zum Asaz kommen an dozou baidroen dass den T71 weiderhinn uewe matspillt.

Sou dat war et.

Schéi Feierdeeg an e gudde Rutsch nach emol !