|
Et ass den Ninepin deen sech den 3. Tour vum Tippspill séchert. Hie gewennt mat 47 knapps virun der blomaus an dem Sofi (je 45). Déi 2 leschtgenannten kréien demno en Ticket fir an de Kino, den Ninepin dogéint däerf fir 20 Euro an der Maison Bintz zu Diddeléng säin Onwiesen dreiwen. De 4. Tour geet iwwert 5 Ronnen (Spilldeeg 14 bis 18). Hei ginn et och Bongen fir an eng Pizzeria a Kinosticketën. A muer erlaaben sech d'Drummers e klenge Réckbléck iwwert déi bis dato 14 gespillte Matcher am Championnat. Hei ginn d'Statistike vun der Härenéquipe méi genau ennert d'Lupe geholl. |





