|
Den Dammechampionnatsmatch vum drëtte Spilldag tëscht dem Black Star Miersch an dem T71 gëtt widderholl. Miersch hat sech mat 55-53 iwwerraschend duerchgesat. Zu dësem Entschloss ass den "Tribunal fédéral" vun der FLBB komm nodeems et viru ronn 2 Méint zu Problemer mat der Auer zu Miersch komm ass. Wéini de Match gespillt gëtt ass nach net gewosst. |





